d'AELL ...

Wee si mir?

Et wor mol eng Kéier viru laanger Zäit, am Joer 1951, do hu sech e puer Studente vu Lausanne iwwerluecht sech ze vereenegen. Si hunn decidéiert d'Association des Etudiants Luxembourgeois à Lausanne ze grënnen. Nodeems den Numm puer mol op Association des Etudiants Luxembourgeois de Lausanne an rëm zréck geännert gouf, ass 1999 an eisen Statuten festgehalen ginn datt mer “à Lausanne” heeschen.


Mir hunn esou ëm déi 60 aktiv Memberen a mir probéieren ze éviteiren dass déi aarm Luxusbuerger, déi aus hirem schéine Lëtzebuerg kommen, net mussen all Owes eleng doheem sëtzen. Also mir schleefen se an flott Concert'en, mir gi mat hinnen op Sportveranstaltungen, organiséieren Visiten vun all méigleche Saachen, an mer ginn och mol eraus…

Aktivitéiten ...

Mer fänken d'Joer domat un datt mer déi nei Studenten empfänken fir datt si bäi engem Rallye duerch Lausanne hier nei Stad kennen leieren. Deen Dag schléissen mer dann mat enger Soirée de Bienvenue an engem Chalet an der Géigend vun Lausanne of.

Fir all Aktivitéiten organiséieren ze kennen  gëtt am November op eiser AG en neien Comité gewielt. Kuerz dono, Ufanks Dezember kennt dann och den Kleeschen bäi all déi brav Studenten, déi aner kréien vum Houseker eng Rutt. Herno kritt jiddwereen seng rou datt en sech op d'Examen am Januar virbereeden kann, well am Februar gëtt et schon weider, do ginn mer en Weekend zesummen Ski fueren.

Dat ass awer net dat eenzegt wat am 2. Semester leeft. Mer ginn och en Weekend an eng Europäesch Stad op d'Rees (2009 Turin, 2008 Lyon, 2007 Aix-en-Provence, 2006 Mailand, …) an mer spillen um Swisscup an 3 Sportaarten géint d'Lëtzebuerger Studenten vun Fribuer an vun Zürech.

Tëscht dësen Aktivitéiten probéieren mer och nach ëmmer eng Via Ferrata ze man, an der Nuecht 10km mam Schlitt fueren ze goen, op Lavey an d'Thermalbad relaxéieren ze goen an sou of wei méiglech am Summer bäi den Séi grillen ze oder en Concert/Theater kucken ze goen.

Den kompletten Programm vun eisen Aktivitéiten fënns de am Kalenner.

Informéieren ...

Eis Ziel ass allerdéngs net nëmmen fir den Ënnerhalung ze Suergen, mä och fir zukünfteg an aktuell Studenten bescht méiglech mat prakteschen an nëtzlechen Informatiounen ze versuergen. Fir zukünfteg Studenten ze iwwerzeegen wei flott d'Liewen zu Lausanne ass, an wat fir eng intressant Studien een  kann hei maachen ginn mer all Joer am November op d'Studenten Foire op Lëtzebuerg. Zousätzlech probéieren mer déi wichtegst Informatiounen bezüglech dem Liewen an dem Studium zu Lausanne op aell.lu ze resuméieren. Sou hoffen mer den neien Studenten en éischten Androck vum Studéieren an der Schwäiz ze ginn.

All Erweiderung, Kommentar oder waat och emmer ass un den Webmaster ze richten.

Lescht Ännerung : 20.02.2010


Valid XHTML 1.0!

RSS Feed iCalendar OpenSearch

Sat, 04 Sep 2010, 23:20 @ell | Sitemap

D'AELL ass member vun der ACEL