Wou: Café Sud
Présent: All an Bob Lamboray
Absent: Keen
Kleeschen
Kleeschen zu Fribourg
Schiwiggend
Tournoi de Noël
Verschiddenes
De Kleeschen kënnt dëst Joer den 10. Dezember, wann et geet, an de Chalet Suisse.
D'Isabelle, de Michel an de Bob Lamboray gin dohinner fir ze reservéieren. (De Bob geet mat wëll et Problemer mat de REEL goufen.)
Et gouf och nach proposéiert op Cully ze goen, wann dat mam Chalet Suisse näischt get. Do war de Kleeschen mol viru laanger Zäit.
D'Isabelle an de Bob Koch gin an den Aligro akaafen fir d'Tiitercher.
D'Tiitecher gin den 8. Dezember beim Lynn gepaakt.
De Jacques an de Bob Lamboray spille Kleeschen an Housécker. Si këmmeren sech ëm d'Texter. Fir d'Geschichten hu se eng Email-Adress gemaach: kleeschen@gmx.net.
Déi Fribourger hun eis gefrot fir op hiere Kleeschen. De Joël schéckt eng Mail un de Club, dass jiddfereen sech ka bei him umellen.
De Schiwiggend ass vum 14. bis den 16. Januar 2005 wahrscheinlech 'rem zu Montriond. Et war awer bis elo nach onméiglech un een ze kommen. Wann dat näischt gët musse mer 'mol zu Morzine frioen.
Wann et fir dee Weekend net méi klappt, kéint een och nach den Weekend vum 11. bis den 13. Mäerz 2005 goen.
Déi Fribourger an Grenobler gin och erem gefrot fir matzegoen.
Mir si frou, dass den Tounoi den Noël elo endlech op den 27. an 28. Dezember geréckelt gouf. Den David mellt eis elo direkt un.
De Joël waart nach op d'Donneen vun de Bleuen, ier en déi nei Memberslëscht erausschéckt.
Et as schon bei den Zeitungen (LW, Revue, Telecran, Jeudi, Tageblatt, Feierkrop) nogefrot gin, dass mer déi och an Zukunft an d'Bibliothéik vun der EPFL geschéckt kréien.
De Joël schéckt nach e Bréif mat der neier Komiteeslëscht un d'Sponsoren (Bofferding an BGL).
D'Lynn freet fir e Fendel fir d'AELL gemaach ze kréien, wëll eis d'Lescht Joer um Global Village ee gefehlt huet.
Mir hun decidéiert, dass mer eis ee Mol am Mount am Café Sud treffen, sou wéi mer daat d'lescht Joer ugefaangen haaten. Et misst een dann och erem besser Präisser aushandelen.