Wou: George and Dragon
Présent: Mich, Isabelle, Lynn, David, Bob, Martha
Excusé: Joël
Spenden
Schiweekend
Konten
Bal
Clubrees
Suen Reel
Swisscup
Global Village
Mir hun decidéiert 100 Euro fir d’Flutaffer ze spenden. D’Lynn iwwerweist der ACEL.
Akafen gi mer a Frankräich (de Mich huet d’Lëscht). De Mich an de Joël (?) fueren mam Auto, den David an d’Martha gin mat hellefen schleefen.
Den David schreiwt nach eng Clubmail (fir d’éischt un de Comité, datt näischt vergiess get) mat all den Detailer. (ab wéini mer de Chalet hun, wéini et z'iessen gët, Schlofsak,…)
Den Mich freet no ob mer Baguetten kréien.
D’Lynn freet eng Kaart fir den schwäizer Kont.
D’Isabelle, de Mich an den Joël sollen dem Lynn eng Kopie vun hirer Carte d’identité gin.
Mir hun den Moment den 17.9 fir den Bal reservéiert, probéiren awer dat op den 7.10 ze enneren well den Bréissler Bal den 15.9 ass. Mir man den Bal 'rem am Atelier.
Mir hun 2 Datumer entweder den 22.4-24.4 oder den 13-16.5 (Péngschten). Zuer Auswahl steet Lugano, Vaduz oder München (wann laangen Weekend). Do muss een nach nokucken wéini Balelec ass.
D'Martha schreiwt eng Clubmail fir en Sondage ze man, déi geet och fir d’éischt un den Comité.
Mir wollten e Bus lounen.
Mir leeën en Deel dovun bei d’Clubrees bäi, fir den Bus. Fir de Rescht musse mer eis nach iwwerleeën wat mer domat man. (Schwemm ?)
Den David kuckt op en eng Schwemm fënnt wou mer Waasserball kënnen trainéieren.
De Bob këmmert sech d'rem, dat mer 'rem e Stand kréien.