Wou: Café Sud
Présent: Michel Klein, Isabelle Crauser, Lynn Lecorsais, Martha Seidel, David Tron, Joël Schintgen
Absent (entschëllegt): Bob Koch
Presentatioun vun Arcelor
Global Village
Clubreess
ACEL Studentebal
Lausanner Bal
Balélec
Divers
D'Arcelor kënnt den 19. Mee owes em 8 Auer eng Presentatioun halen. Si spendéieren d'Iessen.
Mir hun de « Restaurant le Vaudois » reservéiert (do wu de Kleesche war).
Et geet nach eng Mail un de Club, soubal mer d'Confirmatioun vun der Arcelor hun.
Zum Iessen an Drénken:
Mir kaafen 12 5l-Fässer Béier (Battin, Bouferdéng, Dikkrecher, Mousel a Simon) an eng Hunnegdrëpp.
Fir z'iesse get et Kachkéis (a Moschtert), an
Mir kachen d'Bouneschlupp Mëttwochs virdrun.
Eise Stand:
Mir brauchen 2 Dëscher fir d'Musik a 4 fir de Stand.
Mir gin an den Touritebüro Prospekter a Plakate froen.
Mir bastelen eng Buerg aus Kartrong.
D'Musik mecht de Charel.
Mir maachen erëm e Quiz.
D'Leit hanner dem Stand doen all eng blo Jeansbox, den AELLs-T-Shirt an e roude Foulard un.
Mir hun 3 Minibussen vun 9 Plazen an ee vu 7 Plaazen reservéiert. Wee wëllt Chauffer spillen, soll sech mellen: aell __Klammeraf__ groupes.epfl.ch
Leider hun déi vu Montpellier déi Zäit Examen. Si gin awer Samschdes mat eis iessen a reservéieren de Restaurant.
Si soen eis och nach wat mer onbedéngt musse kucke goen a wou mer sollen erausgoen. Et soll och jidfereen seng Schwammbox apaken.
De Studentebal ass den 15. Juli an den Austellungshaalen um Kierchbierg. Mir hun e schwäizer Stand zesumme mat de Fribourger an den Züricher.
Mir kucke fir den Atelier ze kréien. (Den 30.9. oder den 7.10.)
Mir gi wéi all Joer viru Balélec bei de Séi grillen. (De Grill ass jo 'rëm opgetaucht).
Déi Züricher, Fribourger a Grenobler gin invitéiert.
Mir krute virgeschloen eng Bunkerparty ze maachen. Mir hun awer de Moment kee fräien Datum méi fond.
Den 3. Juni gi mer Kart fueren.