Wou: Café Sud
Présent: Annick, David, Joël, Lee, Lynn, Martha, Ralph
Absent: --
Schiweekend
Schülerreesen
Memberen
Swisscup
Clubrees
Divers
Wëll eise Schiweekend mat deem Grenobler zesummefält, invitéiere mer dëst Joer den LSZ an de Friblëtz.
Umelle muss een sech bis den 5. Mäerz beim (?). D'Lausanner hu Prioritéit.
Problem Musik: Wa mer net an der Nuecht wëlle vun de Flicken erausgehäit gin, an d'nächst Joer och nach gär dohi gin, musse mer d'Musik vill méi lues maachen, virun allem de Bass, a kee Kaméidi dobausse machen (Knupperten).
Et gët an der Memberslëscht geraumt. Jidfereen deen nach keng Memberskaart bezuelt huet, gët vun der Memberslëscht erofgehäit (dat heescht och vun der Mailinglëscht) a kritt duerno eng Mail dass, wann en nach wëllt Member bleiwen, hie sech soll mellen.
Mir maachen als 3. Sportart Unihockey. Vun deenen Züricher a Fribourger hat keen eppes do dergéint.
Fraefussball kënne mer och maachen, wann déi aner eng Equipe zesummekréien.
Fir d'Mëttegiessen musse mer e Restaurant (Pizzeria) an der Géigend vun Dorigny fannen.
Owes gi mer an de Vaudois, duerno Amnesia (?)
Clubrees ass vum 5.- 7. Mee.
Destinatioun: Lyon, Stoossbuerg, Mailand oder (Lugano)
Trickoten: et sin der nach 14 do
T-Shirten: kucke mer an der nächster Komiteesversammlung
Eng Brauerei kucke goen: 1. Abrëll (?)
Den 8. Abrëll: Karting oder an den Aquapark bei Montreux.
WM-Tippspill: Mir maachen eis eegend Tippspill. Geet alles iwwer aell.lu (neie Login-Beräich).