Administrativ Tips

Permis de séjour

Vu datt d'Schwäizer net an der EU sinn, brauch een e Permis de Séjour fir kënnen an der Schwäiz ze studéieren an ze wunnen. Dofir muss een sech op der Gemeng wou ee wunnt (dëst ass net ëmmer zu Lausanne selwer) mat folgenden Dokumenter mellen. Mee all Bureau huet esou seng eege Mucken, mol freet deen ee Bureau eppes méi, mol eppes manner. Dëse Permis muss all Joer verlängert ginn.

Pass oder Carte d'Indentité als Lëtzebuerger brauche mir kee Visa.
Attestatioun vun der Schoul dass een ugeholl ass. Also kann ee réischt no der semaine d'immatriculation (Ufank September) e Permis ufroen, wat awer net zevill prësséiert. Schliisslech loossen sie sech oft och méi Wochen oder Méint Zäit bis de Permis ukënnt.
2-3 Fotoen je no Bureau
Attestation bancaire eventuell, datt ee fäheg ass, seng Studien an der Schwäiz ze finanzéieren. Hei geet oft en Ziedel duer, wou deng Eltere bescheinegen dass sie deng Studie bezuelen, oder eventuell e Bréif vum Cedies, datt sie dech finanziell ënnerstëtzen, oder munch Leit goufen och guer näischt gefroot. Et ass awer wuel ze roden esou eppes bei sech ze hunn, wann een net 10 mol wëllt zréck lafen.
Krankekeess E Beleeg datt een an der Schwäiz krankeverséchert ass. Hei geet eventuell eng Kopie vun der neier Krankekeesekaart duer.

Hei nach eng Säit vun der EPFL mat nëtzlechen Informatiounen: Guide pratique EPFL

Präiss : Dëse variéiert méi oder wéineger staark vu Gemeng zu Gemeng. Misst ongeféier ëm déi 100 Frang leien.

Krankeversécherung

Well all Lëtzebuerger schonn zu Lëtzebuerg krankeverséchert ass geet et duer eng Copie vun senger Krankekeesskaart op déi zoustänneg Instanz vun senger Gemeng ze schécken, da muss een net an eng schwäizer Krankekeess abezuelen.

Wann een dann eng Kéier sollt krank ginn, brauch ee nëmmen nach d’schwäizer Doktersrechnung, mat Ugab vun senger Adress a Kontosnummer, zesumme mat enger Kopie vun der europäescher Krankeversécherungskaart un d’ KVG ze schécken.

Wann dat bis geschitt ass, kritt een an Zukunft all seng schwäizer Dokter- a Medikamente-Rechnungen direkt vun de Schwäizer an no schwäizer Recht zeréck bezuelt (déi dann erëm d’Sue vun der Lëtzebuergescher Krankekees zeréckverlaangen).

Feierversécherung

D'Feierversécherung ass obligatoresch, et muss een se bei der ECA man, mee se ass ganz bëlleg (<30 CHF / Joer).

Lëtzebuerger Führerschäin an Autosplacken

Sou laang een an der Schwäiz studéiert, brauch ee keng schwäizer Autosplacken. Merkblatt 15.50 Kapitel 14.2 (PDF)

“Ausländischen Studenten wird die abgabenfreie Verwendung eines ausländischen Fahr- zeugs im Zollgebiet grundsätzlich während der gesamten Dauer des Studiums mit Bewilli- gung Form. 15.30 bewilligt. Die Gebühr beträgt CHF 25”

Verschidde Polizisten behaapten och datt een guer näicht misst man wann een 3 Méint am Joer am Ausland ass. Dofier ass et am beschten näicht ze man bis ee keen anere Choix huet.

Lescht Ännerung : 19.03.2010


Valid XHTML 1.0!

RSS Feed iCalendar OpenSearch

Mon, 06 Feb 2012, 04:22 @ell | Sitemap | Mobil Versioun

Aloggen
D'AELL ass member vun der ACEL