Logement
Wunnen zu Lausanne
Allgemeng Situatioun um Wunnengsmaart
Déi läscht puer Joer ass et ëmmer méi schwéier ginn zu Lausanne eng Wunneng ze fannen. Dëst läit dorun dass déi verschidden Héichschoulen an a ronderëm Lausanne ëmmer méi Studenten unhuelen, mä de Wunnengsmaart net richteg no kënnt. Wann een also wëll eng gutt Wiel hunn wat Wunnengen ugeet ass et recommandéiert frei un ze sinn. De Wunnengsmangel huet natierlech och säin Afloss op d'Präisser, an en neit Appartement ka schon mol zimlech deier ginn. Graff geschätzt kann een en Studio ab 650 CHF an eng WG ab 500 CHF fanne wann ee Chance huet.
Wou huet een am beschten ze wunnen?
Zu Lausanne gëllt, wei iwwerall anescht och, wat ee méi no un nëtzlechen Infrastrukturen ass wat besser. Wann een op d'EPFL oder d'UNIL geet ass et ganz wichteg no um m1 oder m2 (dat sinn d'Metroslinnen zu Lausanne) ze sinn. Mam m1 ass een an 20 Minutten zimlech iwwerall wou ee muss hin.
Well zu Lausanne déi meescht Unie bëssen ausserhalb vu Lausanne sinn ass et wichteg am viraus ze wëssen op een am léifsten am Zentrum oder no bei der Schoul wunnt. Folgend Méiglechkeete ginn et:
- Zentrum: Zu Lausanne selwer ze wunnen huet verschidde Virdeeler an Nodeeler:
- Et ass ee ganz zentral wann et drëm geet an den Zentrum ze goen, wou et eng Rei Caféen a Boutiquë ginn.
- Wann een Owes méi laang raus war ass ee rëm ganz schnell doheem.
- Et ass méi schéin (meeschtens).
- Et brauch ee relativ laang bis een op der Uni ass.
- Wann een en Auto huet ass et komplizéiert mam Parking.
- Bei der EPFL oder UNIL: D'Uertschaften Ecublens, Chavannes-près-Renens a St. Sulpice léien zimlech direkt um Campus a Renens ass och net wäit wech. Hei ginn et virun allem folgend Vir- an Nodeeler:
- Et ass ee ganz schnell op der Uni a rëm doheem (wat heescht dass ee méi laang schlofe kann).
- Mam Metro ass ee relativ schnell op alle wichtege Plazen (dëst gelt fir Ecublens, Renens a Chavannes).
- En Supermarché ass ni wäit wech (dëst gelt fir Ecublens, Renens a Chavannes).
- Et ass een direkt beim Séi (fir St. Sulpice).
- Déi meescht aner Lëtzebuerger wunnen och an dëser Géigend.
- Falls een en Auto huet fënnt ee relativ einfach eng Parkplaz.
- De läschte Metro fiert um 0h15 aus der Staat zeréck. Wann ee méi spéit well heem ass een op de Pyjama-Bus (de Weekend) oder en Taxi ugewisen.
- Aner Méiglechkeete gesäit een och op dësem Plang
Wunnengssich
Et ginn eng Rei Méiglechkeete wéi een sech kann uleeë fir eng Wunneng ze fannen. D'Gemeng vu Lausanne, d'EPFL an d'UNIL hunn dofir och en puer informativ Säiten déi schon eng Partie Propositioune maachen.
An de nächsten Abschnitter presentéiert mir och nach eng Kéier déi wichtegst Méiglechkeete wéi een eppes fanne kann.
Studentewunnengen
Zu Lausanne an Ëmgéigend ginn et eng Partie Studentewunnengen déi meeschtens relativ bëlleg sinn. Hei ass een ganz am Studenteliewen dran an virun allem an enger WG ze wunnen kann eng ganz interessant Erfahrung sinn.
- Fondation Maisons pour Étudiants de l’Université et de l'École Polytechnique Fédérale de Lausanne: FMEL Dëst ass eng Fondatioun déi Studentewunnenge fir Studenten offréiert. Dëst si präiswäert Zëmmeren, déi net ze grouss, awer u sech an der Rei sinn. D'Appartementer fonctionnéiere wéi eng WG. Buedzëmmer, Kichen an Iessdësch si gemeinsam, a jiddereen huet säin Zëmmer. Net jiddereen huet dat gären, mä esou léiert ee séier e puer nei Leit kennen. Verschiddener vun hiren Haiser hunn allerdéngs och Studioen, déi awer en bësse méi deier sinn. “La Bourdonette”, “Les Ochettes” an “Les Triaudes” leien no bei der Schoul, sou datt ee kann zu Fouss goen. Hei soll een sech esou fréi wéi méiglech umellen. Normalerweis ass d'Liste d'attente relativ laang. Am beschten nach virum Februar sech op deser Säit umellen, och wann een nach net sécher ass dass een an sou eng Wunneng oder iwwerhaapt op Lausanne well. Des Inscriptioun kascht näischt, mä et muss een se all Mount eng Kéier confirméiere fir an der Lëscht ze bleiwen. Des Wunnenge sinn nëmme fir Studente vun der EPFL an der Uni a sinn limitéiert op 5 Joer (wat fir déi meescht misst duer goen).
- Stud'home: Dëst sinn Studioen (keng Zëmmeren) déi vun enger Agence verlount ginn. Dës sinn verhältnisméisseg deier. Hei ginn et méi Informatiounen.
- Les Estudiantines: Dëst sinn ganz nei Studentewunnengen direkt bei der EPFL déi allerdéngs vun enger Agence geréiert ginn. Hei ginn et och Studioen, Wunnengen an Appartementer. All Informatioune fir sech anzeschreiwe ginn et op dëser Säit. Hei gelt et allerdéngs och rëm frei genuch un ze sinn.
- Planète Bleue: Dëst sinn Studentewunnenge vun der UNIL déi méi zentral leien. Méi Informatioune ginn et hei. An et gelt wei ëmmer sech mat Zäit unzemellen.
* Fondation Solidarité Logement pour Etudiant-e-s: Dat hei sinn Wunnengen déi och vun enger Fondatioun zesumme mat der UNIL geréiert ginn. Informatioune ginn et hei.
- Église Anglais: Studioen an Zëmmeren déi vun enger Agence verlount ginn. Méi Informatioune sinn hei.
- Centre Universitaire Catholique: Info
Service des affaires socio-culturelles UNIL
Dësen Service geet nëmmen wann een op engem Computer op der UNIL oder EPFL ass, respektiv mat CRYPTO oder VPN ageloggt ass. Falls de dës Lëscht wëlls kréien och wanns de nach keen Login op der Uni hues, da Fro den Comité oder een deen zu Lausanne studéiert. Freier war et sou dass dës Lëscht ëmmer den 1. an 15. vum Mount aktualiséiert gouf, dofir ass et am Beschten dann ze kucken. Ob dat nach ëmmer sou ass wëssen mer am Moment net.
Agencen
Zu Lausanne gëtt et eng ganz Rei Agencen, déi Wunnengen verlounen. Hei ass eng Lëscht mat Agencen, wou Memberen vun der AELL eng Wunneng fonnt hunn. Dës Lëscht ass net komplett an et ginn och nach aner Agencen. Reiefolleg vun der Lëscht ass zoufälleg.
- Duvelius & Partner SA
- Prestimi
- Fiduciaire Bettex Frères et Partenaires SA
Wann een als Student bei enger Agence eng Wunneng well kréien, huet een et net ëmmer ganz einfach, wëll den Immobiliemarché am Moment ausgelaascht ass an d'Agencen léiwer un Leit mat engem Akommes verlounen. Dofir ass et ganz wichteg dass een an deem Fall en Garant (en muss net Schwäizer sinn) huet. Dat heescht am Beschten d'Elteren oder deen deen bezilt och an Kontakt mat der Agence bréngen.
Et ass och recommandéiert schon en Dossier mat allen wichtegen Dokumenter prett ze hunn ier een d'Wunnengen kucken geet, fir dass een schnell reagéieren kann wann et néideg ass. Wat och kann hëllefen ass den Dossier perséinlech of ze ginn an och dono nach weider ze insistéieren (eventuell och erëm duerch den finanziellen Garant).
Internet Annoncen
Et ginn eng ganz Rei vun Internetsäiten wou een Wunnengen kann fannen. Déi meescht ginn permanent aktualiséiert, et ass also derwäert regelméisseg kucken ze goen wëll dann ass d'Chance dass d'Wunneng nach frei ass am gréissten. Op verschiddenen Säiten kann een sech och aschreiwen an dann kritt een eng Mail soubal eng nei Annonce agedroen gëtt. Hei ass eng méi oder wéineger komplett Lescht mat Säiten déi ënnert anerem vun onsen Memberen recommandéiert goufen:
- Comparis regruppéiert verschidden aner Säiten zesummen an misst theoretesch am komplettesten sinn.
Fir WGen ginn et och eng Rei Säiten:
Annoncen op der EPFL oder UNIL
Op der EPFL an der UNIL hänken iwwerall Annoncen ronderëm. Et ass just heiansdo schwéier ze wëssen wei aktuell se nach ass.
Zeitungen
Déi meescht Annoncen fannt der Méindes an enger Beilaag vum 24 heures.
Lescht Ännerung : 22.09.2010
