Studien

Firwat zu Lausanne studéieren ?

Lausanne bitt net nëmmen eng grouss Auswiel u Fräizäitaktivitéiten - am Wanter ass een a manner wéi enger Stonn an den Alpen fir Ski ze fueren, am Summer kann een am Genfer Séi schwammen oder derbäi grillen - mee et ass och bekannt duerch den héigen Niveau vu sengen Universitéiten. Sou ass d'Ecole Polytechnique Fédérale de Lausanne EPFL aktuell déi bescht Europäesch Héichschoul am Beräich vun der Ingenieurie (ARWU '09, EU project Grants '09) an d'Ecole Hotelière de Lausanne konnt sech als Weltbescht (an eelsten) Hotelsschoul duerchsetzen (TNS '07).

Zousätzlech zu dëser internationaler Unerkennung ass de Campus vun der EPFL permanent am gaang ze wuessen, sou datt een hei op villen Platzen vun enger ganz neier a moderner Infrastruktur ka profitéieren.

Och wann et nach puer méi kleng Héichschoulen zu Lausanne gëtt, sou kann een awer vu 4 groussen Etablissementer schwätzen déi déi haapt Studiegäng ubidden:

  • EPFL: Ingénieurie, Architektur an Sciences de Base
  • UNIL & HEC: Economie, Droit, Medezin, Sport an Sciences Humaines
  • ECAL: Konscht, Kino an Design
  • EHL: Hotelmanagement
  • aner Héichschoulen: Conservatoire de musique, Atheneaum, ..
  • Medezin: et ginn keng Auslänner am 1. Joer Medezin ugeholl.
  • Droit: den Droit Suisse gëtt zu Lëtzebuerg net akzeptéiert.

EPFL

Studiegäng:

Opbau & Dauer:

  • Bachelor(3 Joer) + Master(1,5 oder 2 Joer)
  • verschidde Studiengäng musse mat engem Stage kompletéiert ginn

Admissioun:

  • Première B oder C
  • moyenne(max(chimie, bio, physique)+moyenne(math1+math2)+moyenne(langue1 + langue2)) > =42
  • et kann een e Joer CMS - Cours de mathématique spéciales maan, wann een dës Konditiounen net erfëllt.

Inscriptioun:

Praktesch Informatiounen:

UNIL & HEC

Studiegäng:

  • Théologie, Sciences des Religions
  • Droit, Sciences Forensiques
  • Lettres
  • Sciences politiques
  • Sciences sociales, Psychologie
  • Sciences du sport et de l'éducation
  • Management, Economie Politique
  • Géosciences et Environnement
  • Biologie, Medecine, Sciences Pharmaceutiques

Opbau & Dauer:

  • Bachelor(3 Joer)
  • Master (1,5 oder 2 Joer)

Admissioun:

  • Première B, C , D, E, F oder G

Inscriptioun:

  • virum 30. Abrëll 2010
  • online op unil.ch

Praktesch Informatiounen:

ECAL

Studiegäng:

  • Arts Visuels
  • Communication Visuelle (Design graphique, Photographie, Media & interaction design et Cinéma)
  • Design Industriel et de produits
  • weider Infoen op www.ecal.ch/

Opbau & Dauer:

  • Bachelor + Master

Inscriptioun:

  • 12 Februar 2010
  • online op ecal.ch

Admissioun:

  • Ofschloss an der Konscht (Première E, …)+ Opnamexamen + Dossier, oder Année propédeutique

EHL

Studiegäng

Opbau & Dauer:

  • Bachelor (4 Joer)

Inscriptioun:

Admissioun:

  • Dossier & Selection Days

Musékschoul

Studiegäng:

  • Certificat de musique
  • Diplôme instrumental ou composition-arrangement
  • Diplôme d'enseignant de musique
  • Certificat de technicien du son
  • Brevet fédéral de technicien du son
  • weider Infoen op ejma.ch

aner Héichschoulen

Lescht Ännerung : 19.03.2010


Valid XHTML 1.0!

RSS Feed iCalendar OpenSearch

Sat, 04 Sep 2010, 23:07 @ell | Sitemap

D'AELL ass member vun der ACEL