Taxen, Taxen, an nach Taxen...

Intro

Wien an der Schwäiz studéieren wëllt, muss drop gefaasst sinn all Zort vun Taxen ze bezuelen.

Taxes de cours EPFL

  • Les finances et taxes de cours s'élèvent, par semestre, à 633 CHF.
  • Da kommen do déi éischt Kéier nach 110 CHF derbäi.
  • Fir méi Informatiounen kuck den Guide pratique vun der EPFL.

Taxe fir Radio an Televisioun

Et ginn awer vill Leit déi d'Billag net bezuelen. Wann een Kontroller schelle kennt muss een en net eran loossen an et kann een soen et hätt een näischt op dat een dës Taxe bezuelen misst. Opgepasst, Internet haut-débit, Computer, Autosradio zielt och alles. Hei sinn Informatiounen vun Billag

Telefon

En normaalt “EconomyLine-Abo” bei der Swisscom kascht 25.25 CHF/Mount. Fir méi Infoe kann een hei mol op der Swisscom-Fixnet -Säit kucken.

Ween Internet iwwer Kabel huet, ka sech den Telefonsuschloss och spueren, an “iwwer Internet” telefonéieren. Woubäi dat net heescht dass een dofir muss beim Computer setzen. Et ginn do fest IP-Telefoner an och Adapteren fir en analogen Telefon drop ze benotzen.
Ubidder mat enger Schwäizer Telefonsnummer sinn ënnert anerem:

Mat enger lëtzebuerger Nummer gëtt et z.B.:

Handy

Déi “klassesch” Handy-Ubidder an der Schwäiz sinn:

Et ginn allerdéngs ëmmer méi nei Ubidder wei z.B. Coop (kann een mat der Superkaart oplueden), Aldi,… Dës kann een all hei vergläichen. Déi beschten Léisung hänkt staark vun enger Persoun hirem Handy-Konsum of.

Internet

Wann engem dat iwwer analog Leitung duer geet, kritt z.B. bei Bluewin e gratis Zougang. Da kritt een och nach ee gratis Accès wann een sech bei verschiddenen Telekommunikatiounsfirmen (uff…) an der Présélectioun aschreift, dat heescht dass een seng Uriff and'Ausland an an di aner Kantonen automatesch iwwert si maache léisst an net iwwert d'Swisscom (d'Leitung gehéiert ëmmer nach der Swisscom, also de System ass ganz ähnlech wéi zu Lëtzebuerg). Dëst ass z.B. de Fall bei Sunrise. Eng intressant Säit mat den Tariffer (In- an Ausland) fënnt een ënner www.allo.ch.

Wiem en analogen Modem-Zougang net duergeet, kann sech och ADSL bestellen, z.B. iwwer Tele2.
Eng interessant Alternativ zu Telefon/ADSL ass Internet iwwert den Fernsehkabel. Weider Informatiounen fënns de bei TVT fir d'Regioun westlech vu Lausanne an Citycable fir d'Gemeng Lausanne.

Vignette fir de Vëlo

Mol eppes wat net esou deier ass, mä obligatoresch: 7 CHF

Schwäizer Autobunnsvignette

Déi kascht 40 CHF d'Joer.

Vignette fir den Parking bei der EPFL

Déi kascht 12 CHF de Mount oder 120 CHF d'Joer.

Metros-Abo

Mëttlerweil ass dat schon op 41 CHF pro Mount fir Leit bis 25 Joer, dono kascht et 60 CHF de Mount. Hei ginn et awer och Leit, déi ëmmer schwaarz fueren, allerdéngs muss en do oppassen, dass ee sech just 3 mol erwëschen däerf loossen… Am meeschten gëtt op den Terminus Statiounen kontrolléiert (i.e. Lausanne-Flon an Renens) awer net nëmmen.

Permis de Séjour

Dëst sinn ëm déi 80 CHF d'Joer, déi éischte Kéier e bëssen méi. Dës Taxe schwankt méi oder wéineger staark vun Gemeng zu Gemeng, mä en geneeën Betrag war bis lo nach net raus ze fannen.

Taxe de Séjour

Taxe de Séjour: Hänkt och vun der Gemeng of an ass ëm déi 30 CHF. A verschiddene Gemengen (z.B. Ecublens) muss ee keng bezuele wann een eng Bourse vum Cedies huet. Ze vill bezuelte Sue kritt een zréck.

Taxe non-pompier

Dat hänkt och erëm vun der Gemeng of, a sinn ëm déi 50 CHF pro Joer. Zu Chavannes muss een dës réischt bezuelen wann een en Akommes huet.

Taxe déchets

Zu Chavannes (an den aneren Gemengen wëssen mer am Moment net) muss een eng Taxe fir Decheten bezuelen. Dës ass 110 CHF/Joer.

Feierversécherung

Och déi ass obligatoresch, mä ass net besonnesch deier (ëm déi 30 CHF/Joer) an dofir meeschtens derwäert ze maachen. Falls een dës net ofschléisst huelen si no en puer Rappelen hunn dass een keng Miwwelen huet an an deem Fall kritt een am Fall vun engem Feier näischt zeréck. Wann een keng Rappelen well kann een och direkt do uruffen an hinnen soen et hätt een keng Miwwelen. Méi Informatioune ginn et hei.

Lescht Ännerung : 22.09.2010


Valid XHTML 1.0!

RSS Feed iCalendar OpenSearch

Mon, 06 Feb 2012, 04:17 @ell | Sitemap | Mobil Versioun

Aloggen
D'AELL ass member vun der ACEL