Wéi kommen ech op Lausanne (an erem zeréck)
Mam Zuch
Lëtzebuerg - Lausanne:
- ëm 10:46 Auer mat msteigen zu Basel an zu Biel (Dauer 6:29)
- ëm 16:10 Auer mat msteigen zu Basel (Dauer 6:05)
Lausanne - Lëtzebuerg:
- ëm 10:45 Auer mat msteigen zu Basel (Dauer 6:00)
- ëm 13:45 Auer mat msteigen zu Biel an zu Basel (Dauer 5:51)
- (ëm 15:45 Auer mat msteigen zu Biel, Basel an zu Stroossbuerg (Dauer 6:30) )
Fir weider Detailer: CFF
Klengen Tipp: Zu Lëtzebuerg just den Ticket bis Basel kafen, an dann zu Basel erëm e neien, dat get méi bëlleg. Fir vu Lausanne op Lëtzebuerg huet ee besser de Billjee och zu Lëtzebuerg ze kafen, resp. kafen ze loossen.
Mam Vëlo
Och dat ass méiglech, an hu schonn e puer Leit gemaach. Natiirlech brauch een e bëssen Training.
Hei fënns de de Wee, gréisstendeels ouni Verkéier:
Lausanne - Villersexel
Villersexel - Nanzeg
Nanzeg - Lëtzebuerg
Fir weider Informatiounen, fro de Joël.
Mam Auto
Et gët u sëch zwou Méiglechkeeten fir op Lausanne ze fueren, eng ganz iwwer d'Autobunn, an den direkte Wee (mat sénge Varianten). Wëll nëmmen ganz wéinech Leit iwwer Basel (Autobunn) fueren, ginn ech net weider op dee Wee an. En ass ongeféier 100 km méi wäit an et muss een en Stéck Péage bezuelen fir op Stroossbuerg. Dee Wee ass interessant wann et wierklech vill schneit, wëll d'Autobunn relatif gudd gebotzt gëtt.
Google Maps: Lëtzebuerg - Lausanne, iwwert d'Autobunn
Elo also zum direkte Wee vun Lëtzebuerg op Lausanne. Et brauch een esou 4,5 - 5 Stonnen wann een raisonabel fiert an net grad am isléck wunnt. Et si 440-450 km vun Stad zu Stad.
Zu Lëtzebuerg fiert een op d'Autobunn Richtung Metz. Zu Metz da weider Richtung Nanzeg, hanner Nanzeg (48°42'27.4” N - 006°08'28.2” E) geet et de Bierg of (Kéiren), a wann een ënnen ukomm as, béit ee riets op d'Schnellstrooss Richtung Epinal/Besançon of (dat as déi éischt Sortie). Kuerz dono ass d'Autobunn eriwwer, an et geet weider op eng 4-spuerecher Schnellstrooss (110km/h).
Dann ëmmer der Strooss no: Remiremont, Luxeuil-les-Bains.
Hanner Luxeuil ass dann e Rond-Point (47°49'10.6” N - 006°23'38.4” E), a vun do aus gin et 2 Méiglechkeeten.
Eng iwwert Besançon an eng duerch kleng Dierfer. Déi Streck iwwert Besançon ass well zimlech gudd ausgebaut, mee et sinn och vill méi Camionen ënnerwee.
Route 1: (méi einfach, méi wäit, méi Verkéier)
Google Maps: Lëtzebuerg - Lausanne iwwert Besançon
- Vesoul
- Besançon
Zu Besançon am Ufank am beschten “Centre Ville” fueren, net Lausanne, sou évitéiert een fir ganz rondrem Besançon ze fueren, 4-5 Kräizungen méi wäit an der Stad steet 'rem Lausanne ungeschloen.
(an der aanerer Richtung, am Rond-point am Agang vun Besançon riicht aus fueren a net an den Tunnel. Méi wäit, da riets haalen, soss huet een d'Lach verpasst.)
Route 2: (méi flott, méi kuerz, manner Verkéier, mee méi komplizéiert)
Google Maps: Lëtzebuerg - Lausanne, iwwert Beaume-les-Dames
- Lure (am Beschten riicht derduerch fueren. Zu Lure, hannert der Barrière déi 1. Sortie am Rondel). Aus Richtung Lausanne kann ee südlech laanscht fueren: zu Magny-Vernois-Gare am Rondel (mat der Wandmillen) lénks op Magny-Vernois fueren. Dann am Duerf virun der Rietskéier no lénks iwwert eng ganz schmuel Bréck, duerno riets iwwer e klenge Wee. Op der Haaptstrooss dann erem riets, an dann ass een am Rondel wou Nanzeg erëm gezeechent ass. Vu Lëtzebuerg Richtung Lausanne sinn op dëser Oofkierzung 2 m Einbahn, wann een sech trotzdeem traut: no der 4-spuerecher Strooss just firu Lure am 2. Rondel déi 1. Ausfahrt huelen an dann 200m hannert der Barrière lénks. Da weider op d'D486.
- Villersexel
- Baume les Dames (bei der rouder Luucht no lénks)
- Valdahon (an der aanerer Richtung muss een matzen an der Pampa eng Keier riets no Valdahon ofbéien, beim Schëld Carrefour dangereux. Wann een ze séier ass (Opgepasst Radar!), verpasst een déi Plaz gären)
Dono ass de Wee fir déi zwou Varianten 'rem d'selwecht, op der Kräizung Valdahon (47°07'09.4” N - 006°18'29.0” E) kommen déi 2 'rem zesummen. Do da Richtung Pontarlier (do as e McDonald's, wou een alt heiansdo 'rageht, am beschten nach e puer Euroen derbei hun), Vallorbe (Grenz) (46°43'51.0” N - 006°23'12.5” E). Hei reskéiert een dann aner Lëtzbeuerger ze begéinen déi grad hieren Auto duerchsicht kréien. Iergendwéi schéngen déi giel Placken d'Douanieren unzezéien. En Liter Mëllech zevill, e puer Gramm Fleesch, jo da muss een blechen. Soss Autobannenverkleedung ofmontéiren, Pabeiren an esou weider…. Dann op der Schwäitzer Säit op d'Autobunn, an do Richtung Lausanne. (net vergiesen dass een do eng Vignette brauch).
Kommentaren a Virschléi w.e.g. un den webmaster__Klammeraf__aell.lu schécken.
Lescht Ännerung : 21.02.2010
